Wann? Samstag 22.10.202220:00 Uhr

Serge Tonnar
Wo? rue de Luxembourg 116, L-4221 ESCH-SUR-ALZETTE Musik Festivals

“Jo an Amen” - Album Release

Hu mir geléiert "Jo an Amen" ze soen, Autoritéit net méi a ze hannerfroen, eis mam Wand ze dréien, ëmmer vun do wou e grad bléist ? A wann et eis trotzdeem virkënnt ze protestéieren, ass et net nëmmen am Wëllen eng besser Plaz an der Maschinn ze kréien, ouni de System selwer a Fro ze stellen ? An dem Kënschtler seng Revolt, wat ass si nach wäert, wa sisech och schéi brav am Kader vum Regime selwer mécht, déi si uprangere wëll ? Schonn den Deckel vum Album, gezeechent vum Antoine Grimée, spillt mat dëse Géigesätz, andeems se dem d'Eugène Delacroix säi Bild La Liberté guidant le peuple zitéiert.

 

Dem Serge Tonnar säin neit Wierk ass wéi en Album mat klangleche Fotoen déi an de Pandemiejoren 2020 bis 2022 geholl goufen, a stellt d'Fro vum Wäert vum Liewen an den Ae vun engem Revoltéierten, engem Kämpfer dee säi Wee geet, wäit ewech vun den Extremisme vun all Bord, an dee sech wiere muss, wéi en Don Quichotte vun der Kultur, nëmme fir Humanist ze bleiwen, eng Aufgab, déi ëmmer méi schwéier ze gi schéngt.

 

D'Texter bezéie sech deelweis op d'Pandemie an d'Reaktioun drop vun der Gesellschaft, ma virun allem awer op d'Froenronderëm déi fundamental a géigesätzlech Kräften déi d'Mënschen (nees) entdeckt hunn: Gesondheet a Krankheet, Léift an Haass, Ekologie an Onbewosstsinn, Courage a Feigheet, Fräiheet a Gehorsam…

 

Et geet rieds vun dëse weesentleche Wäerter, déi mir fir kuerz Zäit an der Kris nees geschat hunn, fir se gläich nees ze vergiessen, wann den Alldag erëmkënnt. Trotz den eeschten Theemen an den ustrengende Jore fir e Museker, feelen och hei den Humor an d'Ironie awer net, ouni déi d'Liewen net auszehale wären.

 

Musikalesch, no méi opwännege Produktiounen, geet den Album zréck bei d'Wuerzelen, mat Kläng vu Weltmusek, Blues a protest songs. De Serge gëtt begleet vun enger neier Band aus ale Bekannten.

 

SERGE TONNAR & BAND


Rom Christnach: Bass, Gesang


Eric Falchero: Tasten, Gesang


Dirk Kellen: Battri, Gesang


Ben Claus: orgue, Akkordeon, Gesang


Serge Tonnar: Gittar, Gesang

Ticket buchen
© echo.lu
Die nächsten Termine
Samstag 22.10.202220:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Centre Culturel Kulturfabrik Esch
rue de Luxembourg 116
L-4221 ESCH-SUR-ALZETTE
Auf Karte anzeigen
Tel.:0035255 44 93-1
Anreise planen
© echo.lu

Wo? 118-120, Boulevard JF Kennedy, L-4171 ESCH-SUR-ALZETTE

Wann? 10.09.2022

Der kleine weiße Wald

Nuit de la Culture 2022

Mehr erfahren
Pas de copyright
© echo.lu

Wo? 12, rue de l'Église, L-4106 Esch-sur-Alzette

Wann? 20.11.2022

CONCERT CHORALE MIXTE DE L'UNIVERISTE DE LUXEMBOURG: "DU HOLDE KUNST"célébration chorale de l'Art et de la Culture

Ensemble même si différents

Mehr erfahren
Pas de copyright
© echo.lu

Wo? 77, RUE ZENON BERNARD, L-4030 ESCH-SUR-ALZETTE

Wann? 10.12.2022

Concert musique africaine: Filiband

Ensemble même si différents

Mehr erfahren
Pas de copyright
© echo.lu

Wo? 17A, ROUTE DE BELVAUX, L-4025 ESCH-SUR-ALZETTE

Wann? 03.12.2022

Concert Verbum Spei: Gloire à Dieu et paix aux hommes

Ensemble même si différents

Mehr erfahren
Cropmark
© echo.lu

Wo? rue de Luxembourg 116, L-4221 ESCH-SUR-ALZETTE

Wann? 24.09.2022

Concert

NIGHTSONGS

Mehr erfahren
Pas de copyright
© echo.lu

Wo? Territoire France, Territoire France

Wann? 22.10.2022

Concert acoustique de la pianiste et compositrice Hania Rani

Mine d'Umbau

Mehr erfahren
Ensemble à Plectre Municipal d'Esch/Alzette
© echo.lu

Wo? 8, rue de l'École, L-3341 Huncherange

Wann? 30.10.2022

Concert "Capriccio italiano"

European mandolin and guitar orchestra - Il Forum musicale

Mehr erfahren
© CNA
© echo.lu

Wo? 1, rue principale, L-4698 Differdange

Wann? 07.10.2022

Ciné-Concert

our archive. your story

Mehr erfahren
CC0 Paris Musées / Musée Carnavalet - Un mardi, soirée chez Madeleine Lemaire -  Gervex, Henri , Peintre,  Vers 1910
© echo.lu

Wo? 1, rue Leon Metz, L-4238 Esch-sur-Alzette

Wann? 02.12.2022

Clairières dans le ciel - Récital Cyrille Dubois (ténor) Tristan Raës (piano)

Le Salon de Helen Buchholtz

Mehr erfahren